Ee spannenden Abléck an d’Offer vum Ettelbrécker Jugendhaus!
Den 30. Oktober waren d’Schüler vun der 7P1 zesumme mat hirer Regente op Besuch am Ettelbrécker Jugendhaus. Hei krute si en Abléck an déi villfälteg Aktivitéiten an d’Offer vum Jugendhaus.
Et war eng flott an interessant Visitt, bei där d’Schüler vill Neies entdecke konnten. Vläicht huet deen een oder anere souguer Loscht kritt, an Zukunft seng Fräizäit am Jugendhaus ze verbréngen an eng vun de villen ofwiesslungsräichen Aktivitéiten auszeprobéieren.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy