Den 18. November huet d’Klass 7P1 sech op eng spannend Zäitrees an d’Welt vun den ale Réimer gemaach!
Am Geschichtsmusée zu Dikrech hunn d’Schüler vill Interessantes iwwert den Alldag an d’Liewe vun de Réimer gewuer ginn. Besonnesch d’Konscht vun de faarwege Mosaike stoung dobäi am Mëttelpunkt an huet fir grouss Begeeschterung gesuergt.
No der Entdeckungsrees war et un de Schüler, selwer kreativ ze ginn: Mat vill Freed, Fantasie an e bësse Gedold hu si hir eege Mosaike gestalt. Esou konnt jidderee säin eegent klengt Konschtwierk kreéieren an als flott Erënnerung un dësen erliefnisräichen Dag mat heem huelen.