Den 23.5 war de BTS Entreprise et Développement Durable am Norde vum Land ënnerwee. D’Staumauer mat hiren 48m Héicht konnt sou muncher Schwindel ausléisen. Um Houfiels hate mer e eenzegaartegen Iwwerbléck iwwert Däller a Bëscher vum Eisleck: op de Plateauen a Terrasse Bauerenhäff an an den Däller al Millen. Als Intervenant externe an Expert war de Josy Huberty mat um Tour a konnt äis vill gutt Erklärunge souwuel iwwert Landschaftsformen , wei den Notzen an Impakt vum Mënsch op des Ëmwelt erklären. Dunn si mer erof op Bungereffermille getrëppelt wou mer gewuer goufen dass dëse Familljebetrieb rëm a Betrib geholl gëtt a konnten nokucke wei e Fuuss well wollt op Besuch kommen. Als Ofschloss ware mer an Duchfabréck op Esch-Sauer fir ze kucke wei en Naturpark kann hëllefen Economie-Ecologie- a Sozialzeiler ënnert een Hutt ze kréien. Merci dem Anne Scheer fir des Féierung!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy