Eng historesch Visitt an der Stad:

D’Schüler*Innen vun der COPRAL hunn zesumme mat hirer Regente an engem Guide vum Luxembourg City Tourist Info de Rondgang «Spurensuche Zweiter Weltkrieg» an der Stad Lëtzebuerg gemaach. Si hunn historesch Gebaier besicht, déi vun der Gestapo a Beschlag geholl goufen a si kruten erzielt wéi d’Groussherzogin Charlotte et gepackt huet, Botschaften un d’Lëtzebuerger Vollek ze riichten, wéi si am Exil war. Et war en interessanten Ausfluch bei deem si vill Neies geléiert hunn!