D’Robotiksekipp aus dem LTEtt op enger gudder 3. Plaz!
E Sonndeg, den 9. November huet eis LTEtt Robotiksekipp, d’CyberKnights, zesumme mat 20 aneren, internationalen Ekippen, an der Belsch um Turnéier “Sharkbite” deelgeholl.
Et ass drëms gaangen dee Roboter deen si iwwert d’ganzt Joer entworf, gebaut a programméiert hunn, géint déi international Konkurrenz ze testen.
An de Parcours vun eiser jonker Ekipp war richteg gutt, si hunn et um Enn op déi 3. Platz gepackt a si ganz stolz op hier Leeschtung! Bravo!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy