Den 21. Mee 2022 konnten äis BTS-Schüler op hirem Tour am Norden äis Éisléker Koppe bewonneren.
Am Heischtergronn gesäit een d’Geologie (Quarzit a Schifer) aus der Regioun gutt. Dono goung et weider mam Bus bei d’Staumauer vun Esch-Sauer an op den Houfiëls bei Bauschelt.
Zu Fouss si mer dunn bei d’Bungerëffermille getrëppelt op der Sich no de Spuere vum Mënsch …a vum Biber !
Um Réckwee goufe mer vun der Ekipp vum Naturpark Uewersauer an der Duchfabréck zu Esch-Sauer häerzlech empfannen a krute weider
intressant Informatiounen zur ekonomescher an ökologescher Entwécklung vum dëser schéiner Regioun.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy