Nom grousse Succès vu leschtem Joer, huet och dëst Joer nees de “Kniwweldag” am LTEtt stattfonnt. Sämtlech 6e-Schüler konnten a 16 Atelieren hier manuell an intellektuell Kompetenze mol eng Kéier op eng aner Manéier testen. Et ware vill verschidde Beräicher vertrueden, esou dass déi Jonk d’Chance hate verstoppten Talenter ze entdecken an dëst hinne spéider de Choix bei der Beruffsorientéierung vläicht méi einfach mëscht!