Flott Präsentatioune vun der FEDIL an der Goodyear:
Am Kader vum Projet “Hello Future” vun der FEDIL kruten eis 4e an 3e Schüler*Innen vun de Sektiounen GIG/SN/STPU de 6. März vun Experten vun der Goodyear an der FEDIL «STEM (Science, Technology, Engineering and Mathematics)-Beruffer» an der Industrie méi no bruecht. No enger kuerzer Usprooch vun eisem Direkter Fränk Fries, goufen d’Industrie zu Lëtzebuerg, d’Firma Goodyear, Erfarungen um Terrain an d’STEM Beruffer vun der Zukunft den interesséierte Schüler am Detail präsentéiert. Ofgeschloss gouf den Event mat interessanten Echangen. Mir soen den externen Intervenanten ee grousse Merci dass si sech d’Zäit geholl hunn eis Schoul ze besichen an de Schüler een Abléck an dësen interessante Beräich erméiglecht hunn!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy