SES - Labelzeremonie 2024:

Och dëst Joer krut den LTEtt e Präis fir déi héchsten Auszeechnung vum “Projet Sustainable Entrepreneurial Schools” iwwerreecht!
D’Zil vun dëser Initiativ ass et de Schoulen hir Projeten a Fortschrëtt am Beräich vum nohaltegen Entrepreneurship ze dokumentéieren a Partner Plaz ze bidden, fir mat hiren Aktivitéiten (Workshops, Mini-Stagen, Virträg, Concoursen, Visitten an Challengen), déi Sustainable Entrepreneurial Competence bei SchülerInnen ze fërderen.
Duerch d’Vilfalt un Aktivitéiten an de Beräicher vum Entrepreneurship, der ekonomescher Nohaltegkeet, der finanzieller a wirtschaftlecher Allgemengbildung, der berufflecher a schoulescher Orientéierung, gewannen déi Jonk vun haut déi néideg Kompetenze fir sech an der Welt vu muer zurecht ze fannen.
Déi ganz Schoulgemeinschaft vum LTEtt ass en Deel vun dësem Projet an all zesumme setze mir eis fir eng nohalteg Zukunft op allen Niveauen an.
Méi Informatioune fannt dir ënnert www.entrepreneurship.lu.
Skip to content