Den LTEtt am Betzder Schlass bei der SES!

Den LTEtt war op e Rendez-vous an d’Betzder Schlass bei d’SES invitéiert. D’Enseignantë konnten sech e Bild maachen, wéi eng Qualifikatiounen a Kompetenzen haut an engem moderne Betrib gebraucht ginn.

Nieft den Erklärungen zu der ganz grousser Panoplie vun Antennen war och eng Visitt vun de verschiddene Kontrollzenteren dobäi, wou och d’Steierung vun de Satellitten an d’Qualitéitskontroll vun der Güte vum Signal ënnert d’Lupp geholl goufen. Et ass scho faszinéierend, wat alles aus enger Visioun a Wäitsiicht kann iwwer 30 Joer entstoen an ausgebaut ginn.

Skip to content