Researchers' Days 2024:

Um Enn vum leschten Trimester, war de Lycée Technique vun Ettelbréck mat iwwer 100 Schüler a Schülerinnen an d’Rockhal op Esch-Uelzecht gefuer fir un de Researchers‘ Days deelzehuelen, déi ënnert anerem vum „Fonds National de la Recherche“ (FNR) organiséiert ginn. Op iwwer 30 interaktive wëssenschaftleche Stänn konnten eis Schüler a Schülerinnen en Abléck an déi spannend Welt vun der Fuerschung kréien. Heibäi haten si d’Méiglechkeet, sech mat Theme wéi erneierbar Energien, Robotik a kënschtlecher Intelligenz auserneenzesetzen. Eng besonnesch Attraktioun war d’Präsenz vu Roboterhënn vun der Firma Boston Dynamics, déi d’Fäegkeete vun autonomer Technologie a Beweegung op eng beandrockend Manéier demonstréiert hunn.

Nieft ville flotte Fotoen, hunn eng Rei vu Schüler*Innen zousätzlech 2 audiovisuell Produktioune vun hiren Andréck op de Researchers’ Days erstallt. Als Belounung fir hiren Engagement kruten si vum Lycée ee Kinosbong fir eng Seance an de Ciné Scala kucken ze goen.

Skip to content