Et war vill lass dëst Joer op der grousser YEP! Schoulfoire:

Vum 27. Bis den 30. Abrëll 2025 huet déi véiert Editioun vun der YEP!-Schoulfoire an der Luxexpo um Kierchbierg stattfonnt. D’YEP ass déi gréisste Manifestatioun am Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientéierung a mi si ganz houfreg drop datt och dëst Joer nees eng grouss Unzuel u Schüler aus eisem Lycée aktiv un der grousser Schoulfoire deelgeholl hunn! Den LTEtt war an deene verschiddene Beräicher mat Ateliere vertrueden an och eise Service vun der Orientatioun war sur Place fir ze berooden. Ee grousse Merci jidderengem dee bedeelegt war a mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun!