Beachvolleyball in the rain:

Trotz dem schlechte Wieder an de reegelméissege Reenschaueren hunn eis Schülerinnen a Schüler mat vill Motivatioun um Championnat „Beachvolleyball“ affilié(e)s 2 géint 2 deelgeholl.

Bei de Meedercher hunn d’Maria Camila B. (2GSOF) an d’Franyeli Paola V. (4I-FR-F) eis Schoul vertrueden. Bei de Jongen hunn de Kian S. (4GIGF) an den Ivanildo V. (5G2) um Tournoi deelgeholl.

D’Spillbedéngunge waren net einfach, mee eis Ekippen hu Courage, Teamgeescht a sportlechen Asaz bewisen. Trotz dem Reen hu si sech mat vill Engagement an de Matcher agesat a flott Leeschtunge gewisen.

Mir gratuléieren alle Participanten zu hirem Asaz a soen hinne Merci, datt si eis Schoul esou gutt representéiert hunn.

Bravo un all d’Participanten!

Skip to content