Eng grandios Leeschtung vun eise Fussballspiller!

Éischten Tour:

Am éischten Tour vum Lasel Futsal Seniors Tournéier ass den LTEtt zu Dikkrech géint den LCD, de NOSL, den LTA an den LCE ugetrueden. No Victoirë géint den LTA (1:0), de NOSL (3:0) a géint den LCD (3:1) ass et am leschte Match géint den LCE em déi éischte Plaz gaangen. Dëse Match konnt eis Ekipp souverän mat 5:2 gewannen a si hu sech domadder fir d’Finalronn am LGL qualifizéiert. Matgespillt hunn : De Kevlin L., de Jeff K., de Rafael F., de Francisco S., den David S., de Lourenço R. an den Ilhan A.

Finall:

An der Finallronn hu si du missen am LGL géint d‘EIMAB an d‘EPFL untrieden. No engem zéie Match géint d‘EIMAB (3:2) hu si kloer géint d‘EPFL (5:0) gewonnen. Domadder ware si fir d’Halleffinall qualifizéiert an hu misse géint de BLL, de Gewënner vum leschte Joer, spillen. Vun Ufank un huet eis Ekipp awer gewisen dat si sech wéilt fir d’Néierlag vum leschte Joer revanchéieren. Um Ënn konnte si dëse Match dann och no enger gudder Leeschtung 3:1 gewannen a soumat an d’Final géint den LTL anzéien. An dëser Final waren si ganz kloer déi spillbestëmmend Ekipp, mee leider hu si et net fäerdeg bruecht eng vun hire ville Chancen ze notzen, a soumat huet et missten an d’11-Meter-Schéisse goen. Hei sollte si leider de Kierzeren zéien sou dat si sech mat enger gudder zweeter Platz (Vizechampion) hu missten zefridde ginn. Trotzdeem huet eis Ekipp schéine Fussball gespillt an eise Lycée würdeg vertrueden.

Matgespillt an der Final hunn: Den Olavo O., de Rafael F., den Ilhan A., de Jeff K., de Louis M., de Francisco S. an den David S.

Skip to content