Eng super Leeschtung vun eiser Jongenekipp!

Eis Jongenekipp huet um Lasel Futsall Championnat fir Cadets deelgeholl a si hunn sech nawell gutt geschloen! An der Virronn am LGL ass eng super éischt Plaz rausgesprong an domadder konnte si sech mat zwou Victoiren an enger Néierlag aus dräi Matcher fir d’Finalronn qualifizéieren. Matgespillt hunn: Simao L., Igor D., Yan D., Yanis S., Joel B., Nadilson P. a Fabio O.

An der Finalronn huet eis Ekipp sech nach besser verkaaft an den LTEtt huet et no dräi Victoiren aus dräi Matcher (géint den LBV, den LESC an de BLL) bis an d’Halleffinall gepackt, wou d’Jonge souverän 2:0 géint den LTL gewonn hunn. An der Final hunn si sech du leider dem Sportlycée misse geschloe ginn. Trotzdeem konnten d’Jonge ganz zefridden mat hirer Leeschtung sinn a si dierfe sech verdéngt «Vizechampion» nennen. Hei hu matgespillt: Yanis S., Joel B., Fabio D., Mateus F., Cristiano A., Tiago O., Jilvacio P.