Staarken Asaz trotz Reen – Eis Schülerinnen um Beachvolleyball-Championnat:

Gëschter hunn zwou engagéiert Schülerinnen aus dem LTEtt, d’Alessia T.(2GCG) an d’Camila B. (2GSOF), um offizielle Championnat „Beachvolleyball“ affiliées 2 contre 2 (FLVB) zu Lëntgen deelgeholl.

Trotz ongënschtege Wiederkonditiounen hu sech d’Alessia an d’Camila net ënnerkréie gelooss. Mat Teamgeescht a Spillwitz hu si um naasse Sand hiert sportlecht Kënnen gewisen, dat géint eng staark Konkurrenz.
Am Ganzen hunn 12 Equippen aus ënnerschiddleche Schoulen a Veräiner matgemaach. Eis zwee Meedercher hu sech super geschloen a konnten sech um Enn déi 5. Plaz sécheren – eng flott Leeschtung, op déi si a mir als Schoul richteg houfreg kënne sinn!
Mir gratuléieren dem Alessia an dem Camila häerzlech fir hir gutt Leeschtung a freeën eis d’Schüler och bei zukünftegen Tournoien z’ënnerstëtzen!