Ee flotte Projet vum SSE!

E Mëttwoch, den 2. Juli, ass den SSE wärend der Mëttespaus vun 11h40-13h10 mam Tauschschaf am Preau.

Dëse Projet ënnersträicht de Nohaltegkeetsvolet vun der Schoul well een esou ënnert anerem der Fast Fashion Industrie entgéint wierkt.

D’ Schüler kënnen e Mëttwoch dann an de Preau goen, eege Kleeder matbréngen (propper an an engem anstännegen Zoustand) an déi géint nei Kleeder antauschen. Wa si net tausche wëllen, kënne si d’ Kleeder och fir e puer Euro kafen. Et gi richteg flott Kleedungsstécker an et sinn och Marken dobäi déi wierklech net vill kaschten. Et rentéiert sech also fir si.

Skip to content