Déi véiert Editioun vum Kreativconcours (2024/25), organiséiert vun UNICEF Lëtzebuerg an dem Service des Droits de l’enfant vum MENJE, riicht sech u ganz Klassen, Gruppe vun 2 – 5 Jonken oder eenzel Participanten:
* esou wéi aus equivalente Klassen aus de Centres de compétences, den ëffentlechen a privaten nationalen an internationale Schoulen zu Lëtzebuerg, den Europaschoulen.
D’Thema fir de Fondamental: Meng Gemeng besser maachen: ech schwätze mat!
D’Thema fir de Lycée: Deng Iddi fir deng Gemeng 2.0
De Concours bitt hinnen eng Plattform, wou si hir Wënsch, Virstellungen a Fuerderunge fir eng méi aktiv Matgestaltung vun hirer Gemeng kreativ ausdrécke kënnen.
D’Umeldung leeft vum 1. Oktober bis zum Weltkannerdag, de 20. November 2024.
Weider Informatiounen: Deng Zukunft – Deng Stëmm – UNICEF Lëtzebuerg