Iwwer 100 Diplomer goufe verdeelt op eisen Diplomfeieren am Juli! Wat fir e schéinen Ofschloss vum Schouljoer 2020/2021!
De Freiden hate mir en Éieregaascht, eise Minister fir Energie a Landesplanung, de Claude Turmes, deen sech vill Zäit geholl huet fir mat de Schüler:inne vun de Klasse GIG, GSE an TPEE iwwert hir Zukunftspläng ze schwätzen.
Besonnesch d’Liz vun der GIG hat all Grond ze feieren: hat krut d’Mentioun excellent!
D’Schüler:inne vun der GSO kënne stolz sinn op hiren Ofschlossdiplom, awer ganz besonnesch d’Matilde mat der Mentioun excellent!
De Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck, de Jean-Paul Schaaf, ass a senger Ried samschdes besonnesch op déi schwiereg Situatioun fir déi Jonk dëst Joer agaangen.
An och fir eis Commerce-Klassen TPCM gouf et ganz vill ze feieren!
Alles Guddes op ärem weidere Wee, léif fréier Schülerinnen a Schüler vum LTEtt !
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy