Vum 3. bis 5. Juli war d’5G3 op Klasserees an déi belsch Haaptstad Bréissel.
D’Rees mam Zuch huet de Start vun engem ofwiesslungsräiche Weekend markéiert, bei deem d’Klass d’Méiglechkeet hat, eng Rei kulturell an touristesch Highlights ze entdecken.
Um Programm stoungen ënner anerem de Besuch vum Atomium an dem Park Mini-Europe, wou déi bekanntst Monumenter aus Europa am Miniaturformat ze gesi sinn. Donieft haten d’Schülerinnen an d’Schüler och Zäit, d’Stad op eege Fauscht z’erfuerschen, duerch d’Geschäfter ze bummelen an d’Atmosphär vu Bréissel ze genéissen.
Och déi kulinaresch Säit vun der Rees ass net ze kuerz komm. Nieft de bekannte belsche Waffele gouf de Freideg den Owend zesummen eng Pizza am Park giess.
D’Klasserees huet der Klass vill flott Momenter an nei Andréck erméiglecht. Mat ville schéinen Erënnerungen ass d’5G3 um Sonndeg nees mam Zuch zeréck heem gereest.
Carole Schroeder, Kenichi Breden, Stéphanie Ducamp