Een entspaante Joresofschloss am Gréngen:

Fir den Ofschloss vum Schouljoer hunn d’Schülerinnen an d‘Schüler vun der 4GPS2, der 4GIGF an der 4GSNF zesumme mat hire Physiks-Enseignanten e flotten Dag um Kalléksuewen zu Ettelbréck verbruecht. Op dëser schéiner Grill- a Naturplaz gouf zesumme gegrillt a gelaacht. Ob Wippercher, Burger, Spiisser, Geméis oder einfach eppes fir ze knabberen – jidderee konnt sech et schmaache loossen.

Nieft dem gudden Iessen hunn d’Schülerinnen an d‘Schüler sech um Spillplaz ausgetoobt, wärend anerer e klengen Tour iwwert de Léierpad gemaach hunn. D’Natur, déi flott Vue, déi gutt Stëmmung an dat gutt Wieder hu fir eng flott Ofwiesslung vum Schoulalldag gesuergt. Een Ausfluch, deen zesummebruecht a Freed gemaach huet!

Skip to content