Pedagogesch Filmscreenings vum Film “D’Land am Schiet”:

No der erfollegräicher Première an der Tour duerch d’lëtzebuergesch Kinoen freeë mir eis, an Zesummenaarbecht mat Respect.lu Är Schoulklasse fir pedagogesch Filmscreenings vum Film “D’Land am Schiet” vum lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis ze invitéieren.

 De Film handelt vun engem klenge lëtzebuergeschen Duerf an deem d’Besëtzerin vum Duerfcafé mat hirem neie Partner e Kulturzentrum fir Refugiéen opbaue wëll. Wéi dunn enges Daags d’Maskottche vum Duerf, de wëllen Hond, dout fonnt gëtt, spléckt dëst dat ganzt Duerf an de Buergermeeschter leet Friemefeindlechkeet un den Dag (https://www.luxfilmfest.lu/de/filme/the-land-in-the-shadows-dland-am-schiet/#reviews-rewards).

 Virun allem d’Theme vun der Radikaliséierung, Polariséierung a Stereotyppen stinn am Film am Vierdergrond an e weist, wéi eng Ausmoossen eng destruktiv Gruppendynamik unhuele kann.

An de pedagogesche Filmscreenings gëtt als éischt de Film gewisen an duerno hunn d’Schüler an d’Schülerinnen d’Geleeënheet mat Experte vu Respect.lu, dem Centre Cinqfontaines an dem Regisseur Lukas Grevis iwwert dës Themen ze diskutéieren.

 De Film gëtt op dräi Plaze fir Schoulklassen ab 16 Joer gewisen:

11.12.2024 am Kinepolis um Kierchbierg 8h30 – 11h00

12.12.2024 am Kinepolis um Belval 8h30 – 11h00

13.12.2024 am Orion zu Ëlwen 9h00 – 11h30

 De Film ass op Lëtzebuergesch mat engleschen Ënnertitelen.

D’Umeldung leeft iwwert https://www.snj.public.lu/movie-talk-dland-am-schiet/ bis de 27.11.2024.

Mir hu pro Sessioun nëmme begrenzt Plazen.

Mir géingen eis freeën, Är Klassen op engem vun dësen 3 Deeg beim Film kënnen ze begréissen.

Bäscht Gréiss

 

 L’Equipe du Centre Cinqfontaines

 2, Klousterstrooss

L-9902 Cinqfontaines
E-mail : secretariat.cinqfontaines@snj.lu

Skip to content