D’LTEtt CyberKnights-Team gewënnt den "Energy Award”!
Op der nationaler Kompetitioun vun der Robotik fir Jonker, der LYRC (www.lyrc.lu) huet d’Robotikteam aus dem LTEtt den “Energy Award” gewonnen. Am Ganze waren 12 Teams do, déi wärend deem Dag konnten hir Talenter am STEAM (Science, Technology, Engineering, Arts and Mathematics) weisen an hir Roboter untriede loossen.
Een LTEtt CyberKnight am FIRST Global Team Lëtzebuerg!
Um selwechten Evenement huet de Sergio aus dem LTEtt Robotikteam et an déi national Selektioun an d’Team vu Lëtzebuerg gepackt! Wärend der Kompetitioun, hunn Juroren d’Geleeënheet verschidde jonk Talenter auszewielen, déi Lëtzebuerg am Kader vun engem groussen internationalen Turnéier wäerte representéieren. Eisen Enseignant aus der Informatik, de Chris Dax, ass ausserdeem als Coach vum nationalen Team gewielt ginn. Iwwer 190 Natiounen huelen um “FIRST Global Robtics Challenge” (www.first.global) deel. Mir gratuléieren deenen 2 a wënschen hinnen vill Succès bei der nächster Challenge!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy