Op Entdeckungstour an d’Welt vum Journalismus!

De 27. Oktober 2026 hunn d’Schülerinnen a Schüler aus dem Optionalfach Journalismus (3GSO1, 3GSO2 an 3GSN) d’Ausstellung „À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous“ an der RTL City um Kierchbierg besicht.

Duerch verschidden interaktiv Aktivitéiten a Spiller konnte si selwer d’Roll vun engem Journalist iwwerhuelen an entdecken, wéi journalistesch Recherche funktionéiert, wéi Informatiounen iwwerpréift ginn a wéi ee Fake News erkenne kann.

Eng interessant a léierräich Visitt, bei där d’Schüler en Abléck an d’Aarbecht vun de Journaliste kruten!

Skip to content