Tëscht dem 21. a 27. November huet d’Orange Week bei eis am LTEtt stattfonnt. An där Woch wollte mir sou gutt et geet, een Zeeche géint Gewalt u Fraen a Meedercher setzen.
Dofir haten d’Leit aus eisem PSE sech follgend Aktivitéiten iwwerluecht:
– de 26. November goufe Mandarinnen an der Paus verdeelt fir d’Schüler*Innen an d’Personal op d’Orange Week opmierksam ze maachen.
– Kreativatelieren goufen ugebueden, fir de Schüler*Innen d’Méiglechkeet ze ginn sech mat dësem wichtegen Thema ze befaassen an dëst och duerch d’Ubanne vu Flätschen an Droe vu selwergemaachten Buttons sichtbar ze maachen.
– D’Gebai vum LTEtt gouf orange beliicht.
– Verschidde Klassen hunn sech mam Thema beschäftegt an hunn orange Präbbelie beschrëft. Domat gouf eise Preau schéin dekoréiert.
Mir hoffe vill Leit zum Nodenken ugereegt ze hunn a soen all deene Schüler a Leit aus de verschiddenen Servicer Merci, déi hiren Deel zu dëse wichtege Woche bäigedroen hunn! Ee grousse Merci och un d’Fotografin vun der Gemeng Ettelbréck fir déi flott Fotoen!