De 15. Mee huet d’Roadshow vun der «Take Off Science Show” vun RTL Statioun hei am LTEtt gemaach! Hei haten d’Schüler aus deene verschiddenste Klassen d’Geleeënheet ze entdecken wat «Science» iwwerhaapt bedeit. Op e puer Statioune konnte si a flotten an interessanten Workshops an Atelieren hiert Wëssen testen an och a Gruppen géinteneen untrieden. Si hate vill Spaass an deen een oder aneren huet bestëmmt säin Talent an Interessi un deem Thema entdeckt a wee weess, vläicht gesi mir si jo eemol an der Science Show um Fernseh!