Ab dem 1. Oktober sinn eis Schoulmuppen zesumme mam Jado Annick aus der “Baby-Paus” zeréck an dat souguer mat Verstäerkung: kuerz ier d’Famill méi grouss ginn ass, hunn d’Easy, en Terrier-Mischling an eemolege Stroossenhond aus Andalusien an de Crazy, e rengrassege Kurzhaar-Chihuahua vun 9 Joer och nach de Brevet gemaach fir dierfe mat schaffen ze kommen. Den LTEtt begréisst déi zwee an huet soumat dann elo 6 offiziell Schoulmuppen, déi ofwiesselnd mat an eis Schoul kommen. De Prinzip ass de selwechte bliwwen: mellt Iech iwwer Teams beim Annick un an da kennt dir emol mëttwochs vun 13.10 bis 14.50 an de Sall A005 bei d’Muppe kommen. Ënnerstëtzt weiderhi fläisseg dëse flotten a virun allem wäertvolle Projet.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy