Gëschter hunn d’Schüler*Innen vun der Optioun FALT de CIS vu Réiden besicht. No enger kuerzer Introductioun am Schulungsraum goung et op Visitt vum Gebai mat de jeeweilegen Erklärungen zu deene verschiddenen Ofleef.
Als nächst hunn eis Schüler dunn d‘Ausstattung an d‘Organisatioun vun engem Rettungswon erkläert kritt.
Uschléissend goung et mat der Pompiersleeder héich erop an esou munche Schüler*In huet sech och getraut (geséchert natierlech) déi Leeder selwer eropzeklammen.
Duerno konnte si selwer un engem Auto üben, wéi ee mat engem Spreizer an engem Schneider ëmgeet an zu gudder Lescht konnt dann nach jiddereen den Ëmgang mam Waasserschlauch üben a feststelle wéi staark de Waasserdrock ass.
Et war e flotten Nomëtten a mir soen dem CIS Réiden ee grousse Merci!