En Juni hunn 6 verschidde Klasse mat grousser Begeeschterung a Motivatioun bei der Installatioun vun enger 150kWp-Photovoltaikanlag um Dach vun eiser Sportshal gehollef. Am Kader vun dëser Installatioun goufen Aluminium-Profiller um Flaachdaach montéiert. Dono goufen d’PV- Module mat enger Neigung vun 10° an Ost- a Westausriichtung drop installéiert a verdrot. Greenpeace huet am Kader vum Projet Jugendsolar Sécherheetsmaterial zur Verfügung gestallt.

Zil vun dësem Projet war et, de Schüler:innen d’Thema erneierbar Energië méi no ze bréngen. Theorie a Praxis goufe verknäppt, sou datt nieft der immens flotter Erfarung mat de Leit vum Terrain zesummen ze schaffen, et och eng eemoleg Geleeënheet war fir an dat reaalt Beruffsliewen eranzeschnupperen.