Zu am Ganzen 73 waren eis 2e an 3e-Klassen vun de Sektioune PS & SN zesumme mat hire Proffen op déi schéin Insel Norderney. Hei ass eng kleng Zesummefaassung vun e puer flotten a léierräichen Deeg:
E leschte Moin, Moin vun der Norderney! A schonn ass en do, vill ze fréi, de leschten Dag! D’3e GPS1 huet vill Qualle gefëscht, d’3e GPS2 war am Oste gestrand fir no Schëffer an Déieren ze sichen an d’3e GPSF huet am Labo gefuerscht. An elo geet et rëm heem. E grousse Merci dem Fonds National de la Recherche, Luxembourg (FNR), deen dëse Projet scho säit Jore finanziell ënnerstëtzt! Déi Jonk hunn eemoleg Erfarunge gesammelt an e wonnerschéint Ökosystem kennen a schätze geléiert!