Konscht a Kultur am Schoulalldag erliewen:

Nodeems d’Solistes Européens Luxembourg eisem Lycee am Oktober 2023 schon eemol d’Éier erwisen hunn eis ee flotte Concert ze spillen, ware si de 24. November erëm op Besuch bei eis!

Och dëst Joer koumen ronn 100 Schüler an de Genoss vun engem Start an de Schouldag deen e bessi anescht war!

Mam Yanis Grisó, Pierre Fontenelle a Frin Wolter hate mir dräi Museker bei eis, déi ee mat Gei, Cello an Akkordeon op eng musikalesch Rees duerch verschidden Epochen a Museksstiler matgeholl hunn – vu Vivaldi bis Led Zeppelin.

Als Schoul ass et eis wichteg, eise Schülerinnen a Schüler net nëmme Wëssen ze vermëttelen, mee hinnen och d’Méiglechkeet ze ginn, Konscht a Kultur ze erliewen, hiren Horizont ze erweideren an Neies ze entdecken.

E Concert live ze erliewen ass eppes ganz anescht, wéi Musek iwwer Kopfhörer oder um Handy ze lauschteren.

E besonnesche Merci geet un d’Solistes Européens Luxembourg, speziell un déi dräi Museker an un all déi Leit, déi dozou bäigedroen hunn, datt dëse Concert bei eis am Lycée stattfanne konnt.

Skip to content