Maach och du mat!

Eise Ministère huet d’Campagne «Screen-Life Balance » lancéiert. An dëser Campagne geet et dorëm ze informéieren wéi den Ecran a wéi enger Alterskategorie sollt benotzt ginn a wéi eng aner Aktivitéite Kanner brauchen, fir sech physesch a mental gutt ze entwéckelen. Ee Volet, deen do ganz grouss geschriwwe gëtt, ass de Sport: «Manner Ecran – méi beweegen, entdecken, erliewen»

De Sport an déi kierperlech Aktivitéit stellen eng attraktiv Alternativ zum Ecran duer an droen zum Wuelbefannen an der optimaler Entwécklung vun de jonke Leit bäi, si sinn e wesentleche Bestanddeel fir hiert alldeeglecht Gläichgewiicht, fir hir sozial Interaktiounen ze stäerken a fundamental Kompetenzen ze entwéckelen.

Mir wëllen dohier dovu profitéiere fir Iech op eis grouss Offer u sportlechen Aktivitéiten opmierksam ze maachen a wëllen Iech eis Sportsektioun eemol unhand vun e puer flotte Videoe präsentéieren!

Schüler déi interesséiert sinn, kréie weider Informatioune bei hirem Enseignant am Sport.

PROGRAMM SPORTSEKTIOUN 2024 – 2025