Mir hëllefen eise Schüler ee Vakanzenjob ze fannen!

Léift Schoulpersonal,

Mir wëllen Iech op eng nei Initiativ opmierksam maachen, déi speziell fir eis Schüler entstanen ass: d’Studentenjobwand.

Dës Wand fannt Dir nieft dem Sall 023C beim SSE. Si ass geduecht als zentral Plaz, wou all déi Schüler, déi no engem Vakanzenjob sichen eng grouss Auswiel u Beräicher a Méiglechkeete kenne fannen.

All Informatiounen an Annoncë ginn direkt vum SSE op d‘Wand publizéiert. Wann Dir selwer Angeboter kennt an de Schüler wëllt weider ginn, kennt Dir dem SSE se gäre schécken (sse@ltett.lu) oder laanschtbréngen (023C).

Wann d‘Schüler also un enger Aarbecht interesséiert sinn, oder einfach méi wëlle wëssen, kënne si all dës Posten direkt op der Studentenjobwand an der Schoul fannen.

Mir hoffen dës Initiativ hëlleft de Schüler hiert Täschegeld e bëssen opzestocken. Wann Dir Froen hutt, zéckt net, fir e Member vum SSE ze kontaktéieren. Si stinn Iech gär zur Verfügung!