D'Citoyenneté européenne am Fokus

D’Super-Wal-Kiermes vum Zentrum fir politesch Bildung huet et engen 100 Jonken aus dem LTEtt  erméiglecht den europäesche Gedanke vun der Matbestëmmung ze entdecken. Déi Jonk hunn sech op eng spilleresch Aart a Weis iwwert d’Europawalen informéieren. Beim “Iddie fëschen”, dem “Rad vun der Verännerung” an dem “Bexe zesumme bauen” hunn si sech Gedanke gemaach wat fir si an der EU wichteg ass, wéi eng EU si gären hätten. Elo ass et un hinnen, sech ze informéieren, an déi Parteien ze stäerken déi déi perséinlech Iddien am Beschte representéieren.

Skip to content