Woch vun der Demokratie: Wale fir de Schülercomité:

Vum 21. bis de 25. Oktober 2024 fannen am LTEtt am Kader vun der Woch vun der Demokratie d‘Wale fir de Schülercomité statt. D‘Schüler*Inne kommen déi ganz Woch iwwer fläisseg an eise Festsall wielen, wou Walkabinnen an eng Walurn op si waarden.

Op dësem Wee gi mir hinnen d‘Méiglechkeet fir de Prozess vun enger demokratescher Wal ze erliewen an d‘Membere vum Schülercomité ze wielen. Freides ginn d‘Stëmmen dann ausgezielt an den neie Comité gëtt dann no der Vakanz präsentéiert.

Skip to content