Woch vun der Demokratie 2025
An der Woch vum 27.-31. Oktober 2025 huet d‘Woch vun der Demokratie am LTEtt stattfonnt.
An deem Kader sinn eng Rei Workshoppen organiséiert ginn, déi deels vu Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée, deels vun externe Partner organiséiert a gehale goufen. Theme waren do déi vill Facettë vun der Demokratie, Froe ronderëm d‘Migratioun an d’Aarbecht vum Jugendparlament.
Do dernieft gouf et nach eng Aktivitéit zum Thema „Demokratie – och an der Schoul“, déi op all Klass stattfonnt huet, an zousätzlech e flott Spill vum Schüler-Comité am Preau.
Merci alle Bedeelegten, déi dëser flotter Themewoch zu hirem Succès verhollef hunn.