De Lëtzebuerg City Museum huet eng nei Promenade duerch d’Staat lancéiert:
De Lëtzebuerg City Museum präsentéiert de Schoulen aus dem Land gäre säi neiste Produit E staarkt Stéck Lëtzebuerg. Et handelt sech ëmeng interaktiv Kaart, déi wéi e Rallye duerch d’Stad funktionéiert!
Zéng ausgewielten Objete aus der Sammlung vum Musée sollen Iech op eng spilleresch Aart a Weis d’Geschicht vun der Stad méi no bréngen. Zu all Objet, kënnt Dir eng oder zwou Plazen an der Stad besichen an um Site estaarktsteck.lu fannt Dir dann e passende Video mat enger respektiver Geschicht!
Mir lueden Iech alleguer häerzlech an, mat Hëllef vun dëser interaktiver Kaart een Tour duerch de Stadzentrum ze maachen. Maacht Iech also mat Ärer Klass op de Wee a fannt eraus wat fir eng Bedeitung déi ausgewielte, staark Stécker – bis haut – fir d’Geschicht vun eiser Haaptstad hunn.
De Lëtzebuerg City Museum wënscht Iech an Ärer Klass ganz vill Spaass op Ärer klenger Entdeckungsrees duerch d’Stad!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy