Am Adventure Park zu Durbuy:

Fir d’Schouljoer ofzeschléissen, waren d’Schüler vun eise 7P Klassen zesummen op ee flotten a spannenden Ausfluch op Durbuy. Hei ee klenge Bericht:

Am Adventure Park zu Durbuy hu mir eis un verschiddenen Erausfuerderunge gestallt an dobäi vill Spaass gehat. D’Kletterparcoursen an d’Aktivitéite ware sportlech usprochsvoll a hu vill Beweegung an Asaz
gefuerdert. Dobäi hu mir eise Courage getest, eis Grenzen e bëssen ausgereizt an eis géigesäiteg motivéiert. Et war e spannenden an aktiven Dag, deen eis nach laang a gudder Erënnerung bleift.

Nilles Sophie, Pires Cindy, Rasqué Philippe

Skip to content