Vum 6. bis den 11. Mee hunn d’Schüler*Innen vun de Klassen 3GPS(F) an 3GSN(F) aus dem LTEtt eng spannend Klasserees op d’Norderney ënnerholl. An et gouf vill ze erliewen! Wärend eiser Zäit op der Insel konnten d’Schüler*Innen di moleresch Landschafte mat de Vëloen erkunden. Duerch Vugelbeobachtungen a Wanderungen duerch d’Watt an d’Küst konnten si ausserdeem de Léierstoff mat deem si am Cours konfrontéiert goufen, elo mat eegenen Aen “live” gesinn. Si kruten och d’Méiglechkeet, duerch Labosaarbechten a spannend Aktivitéite wéi d’Strandfëscherei an d’Erfuerschung vum Watt praktesch Wëssenschaft ze bedreiwen an ze erliewen. Dës ganz Erfarunge sinn net nëmmen ënnerhalend mee och immens wäertvoll gewiescht, well d’Verbindung tëscht Theorie a Praxis an eisem Léierprogramm verstäerkt gouf.
E grousse Merci och fir d’Ennerstëtzung vum Luxembourg National Research Fund: https://www.fnr.lu