Am Oktober 2023 hunn all d’7ième Schüler:innen aus dem LTEtt een Ausfluch op d’Base Nautique zu Lëlz gemaach, fir d’Klasseklima an d’Gruppendynamik an der Klass ze fërderen.
Mat verschidde flotten Aktivitéite wéi Kayak, Kanu, Mountainbike a Geocaching hunn sech Klassen ee schéinen Dag um Stauséi gemaach.
Duerch d’Begleedung vun Enseignanten a Membere vum SePAS an SSE waren d’Schüler:innen gutt encadréiert a konnten sech bei dësen Aktivitéite besser kenneléieren an de Kontakt zu de Begleetpersoune verbesseren.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy