Den LTEtt um Futsal Championnat vun de Minimes!

D’Ekipp vun de Minimes aus dem LTEtt huet de 27. März um LASEL Championnat Futsal vun de Minimes eng brillant 1. Plaz beluecht! Mat follgende Resultater hunn si et un d’Spëtzt vun der Tabell gepackt:

LTEtt-LCE 3-0

LTEtt-LCD 8-1

LTEtt-NOSL 3-0!

D’Finall fënnt den 08. Mee am LGL statt! Mir felicitéieren follgende Spiller fir hir excellent Leeschtung:

Adrian B., Goncalo M., Dany C., Gabriel M., Jayson S., Alpha S.