Wéi all Fréijoer waren eis 4GPS-Klassen och dëst Joer nees zu Huelmes bei de Weiere fir d’Gewässer ze analyséieren. Nodeems um Wee dohinner schonn déi geo-morphologesch Eegenschaften ënnersicht goufen, hunn d’Schüler bei de Weieren an der Bach duerch gezielt Beobachtunge versicht ze verstoen, wéi d’Liewewiese – sief dat Déier oder Planz – u verschidde Liewensraim ugepasst sinn a wéi eng Informatiounen iwwer d’Qualitéit vum Waasser mir dorausser zéie kennen. Schliisslech geet et drëm, ze verstoen, wéi wichteg Waasser fir all d‘Liewewiesen ass an datt mir et sou mann wéi méiglech verschmotze sollen.

Skip to content