5 Diplomiwwerreechunge bannent 3 Deeg: et gouf am Juli vill ze feieren am Lycée Technique vun Ettelbréck (LTEtt). Aplaz vun enger grousser Diplomfeier fir all d’Ofschlossklasse ware wéinst den anzehalende sanitäre Mesurë 5 eenzel Feieren organiséiert ginn an d’Laureaten an hir Famillje souzen zesummen op « Familljendëscher ».

 

Dëse méi kléngen, awer duerfir och méi perséinleche Kader ass mat Begeeschterung ugeholl ginn, well en och d’Zäit ginn huet fir perséinlech Messagë vun de Régente a Schüler-Spriecher. All Klass huet e Bilan vum Joer gezunn an hiren Enseignante, awer vrun allem der Famill Merci gesot, déi si op hirem Wee zum Diplom an der besonnesch schwiereger Situatioun am Confinement ënnerstëtzt hunn. COVID-19 huet dëst Ofschlossjoer 2019/2020 gepräägt. Mee d’Freed iwwert den Ofschlossdiplom war awer wéi déi Jore virdru riseg.

Freidegowes, den 3. Juli kruten d‘Schülerinnen a Schüler vun de Klassen 1GIG (Ingénierie), 1GSE (Ëmweltwëssenschaften) an 1TPEE (Elektrotechnik) hir Diplomer iwwerreecht. Éieregaascht war de Minister fir Energie a Landesplanung, den Här Claude Turmes, deen sech a senger Ried besonnesch driwwer gefreet huet, datt den LTEtt virun e puer Joer eng innovativ Sektioun am Beräich vun der Ingenieursausbildung op d’Been gestallt huet: d’Sektioun Ëmweltwëssenschaften.  Déi éischt Ofschlossklass vun der SE krut deen Owend hir Diplomer, fir d’Initiatore vun der Sektioun e ganz beweegende Moment. De Régent Guy Putz an de Schülervertrieder Charel Antony hunn e ganz perséinleche Réckbléck op d’Entwécklung vun der Sektioun gemaach, déi vill vun der praktescher Projetsaarbecht an dem Kontakt mat der Beruffswelt gepräägt ass.

Skip to content