Eng kulinaresch Rees a Syrien!

De 14. Januar huet eng weider Editioun vum Kulturcafé an der Mëttespaus hei am LTEtt stattfonnt. Bei enger Zesummenaarbecht vum PE an dem SSE gouf probéiert de Schüler d’Kultur, wei och de kulinareschen Aspekt vu Syrien mei no ze bréngen. A verschiddenen Ateliere vun de parascolairen Aktivitéiten goufen zesumme mat Schüler eenzel kulinaresch Spezialitéiten hiergestallt. Och wärend dem Kulturcafé selwer hate mir verschidde Schüler déi aktiv am Preau zerwéiert hunn. E flotte Moment tëschent Schüler a Personal ass entstanen an déi verschidde Spezialitéiten si ganz gutt ukomm bei all Mënsch. Mir freeën eis elo schonn op déi nächst Editioun!

Skip to content