Naturwësseschaften an der Praxis:

D’Klassen 3GSPS1, 3GPS2 an 3GSN hu leschte Méinden un engem naturwëssenschaftlechen Ausfluch ronderëm den Ditgeshaff zu Ettelbréck deelgeholl. Am Mëttelpunkt stoung d’Fro wéi de Mënsch d’Natur beaflosst, a wat dat fir Planzen an Déieren bedeit.

Op verschiddene Statiounen hu sech d’Schülerinnen a Schüler mat de Bestëbser, dem Bësch an dem Weier beschäftegt an dobäi vill Interessantes iwwer eis lokal Ökosystemer geléiert. 

D’Aktivitéite goufe vun de Biologiesenseignanten an der Formatioun (Stage) ausgeschafft an encadréiert. Duerch praktesch Observatiounen an interaktiv Aufgabe konnten d’Schülerinnen a Schüler hiert Wësse verdéiwen an d’Natur aus enger neier Perspektiv entdecken.

Skip to content