Am Stage an der schéiner Bretagne:

Ufank des Joers huet eng weider Studentin vun der exceptioneller Geleeënheet profitéiert fir am Kader vun Erasmus+ ee Stage kënnen am Ausland ze maachen. D’Schülerin vun der 2TPCMF huet dierfe bei der Firma Manpower zu Rennes wärend 6 Wochen eraschnupperen. 

Begleet gouf hat déi éischt Deeg vu senger Enseignante déi deen éischte Kontakt gefestegt huet. Dono war hat op sech aleng gestallt an huet bewisen dass ee ganz séier kann op eegene Bee stoen. 

Hatt huet ganz vill matgeholl a geléiert um professionelle Wee a ganz niewelaanscht konnt hatt déi schéin Ecker an der Bretagne entdecken. Mir si frou dass säin Auslandsstage esou ee positiivt Erliefnis war!

Skip to content