Säit Joren Eng staark Partnerschaft!

Dëst Joer hat ee Schüler aus dem zweetleschte Joer vun der Techniker-Ausbildung aus dem Lycée Technique d’Ettelbruck d’Méiglechkeet, säi Stage bei Enernorte zu Amarante am Norde vu Portugal ze absolvéieren.

Enernorte ass zanter ville Joren eng etabléiert Firma am Beräich vun elektreschen Installatiounen an techneschen Energieléisungen. D’Entreprise steet fir Fachkompetenz, Qualitéit an Teamgeescht a bitt e professionelle Kader, an deem jonk Techniker wäertvoll praktesch Erfarunge sammele kënnen.

Iwwer e puer Wochen huet eise Schüler aktiv am Betrib matgeschafft, säi fachlecht Wëssen ausgebaut a vill nei technesch Andréck gewonnen. Hien huet sech séier an d’Equipe

integréiert a konnt seng Kompetenzen am reelle Beruffsalldag weiderentwéckelen. D’Firma war– wéi och an de Jore virdrun – ganz zefridde mat sengem Engagement, senger

Zouverlässegkeet a senger technescher Virbereedung. Och fir de Schüler selwer war et eng immens beräicherend Zäit. Nieft der berufflecher Entwécklung huet hien eng nei Kultur kennegeléiert, international Erfarunge gesammelt an eng flott Zäit ausserhalb vu Lëtzebuerg erlieft. Hien ass mat vill positiven Andréck a perséinlechem Wuesstem zeréckkomm.

Zum Ofschloss vum Stage ass ee Prof. aus dem LTEtt op Besuch bei Enernorte gaangen, fir zesumme mam Betrib de Verlaf vum Stage ze diskutéieren an eng Evaluatioun vum Stage ze maachen. Gläichzäiteg gouf och iwwert zukünfteg Zesummenaarbecht geschwat, mam Zil, och an de kommende Jore Stageplaze fir Schüler aus Ettelbréck zu Amarante ze erméiglechen an déi international Partnerschaft weider ze stäerken.

Eng wieder gelongen Erasmus-Erfarung, déi weist, wéi wäertvoll international Stage fir déi fachlech a perséinlech Entwécklung vun eise jonken Techniker sinn!

Skip to content