Concours Voltaire 2024:

Och dëst Joer hunn erëm vill Schüler, ënnert anerem aus dem LTEtt, beim Concours Voltaire vollen Asaz gewisen! Vill Deeg (an deelweis och Nuechten) sinn zesummekomm wärend hirer Virbereedung. An dësen Äifer gouf belount duerch d’Remise vum Certificat Voltaire, een Dokument wat ee reelle Plus ass an dat si spéider bei hiren CV bäileeë kënnen.
Déi 3.Plaz an eisem Lycée goung un d’Rocio E. vun der DC3CMA, déi 2.Plaz un den Djony M. vun der 4GMANEA-2.
Besonnesch houfreg si mer op d’Alexandra M. vun der 5GIF1. Hatt huet net nëmmen déi 1. Plaz am LTEtt beluecht, mee d’Alexandra hat och de beschte Score aus dem ESG um nationalen Niveau (878 Punkten)! 🥇 Fir dee Verdéngscht gëtt hat och dës Woch op der grousser Zeremonie vum Projet Voltaire an der Stad geéiert! 
Mir gratuléieren all eise Schüler an hoffen dat si esou weidermaachen!
Skip to content