De 26. Abrëll war eng lass hei am LTEtt! Déi 2. Editioun vun «Ettelbréck wibbelt» stoung um Programm an dee war nawell gutt gefëllt! D’Sportveräiner aus der Gemeng, esou wéi eis Sportsproffen a Schüler hunn eng grouss Offer u flotten Aktivitéiten ugebueden. Et war net nëmme sportlech a musikalesch, déi Kleng konnte sech d’Gesiicht mole loossen, eist FALT-Team huet iwwert 1. Hëllef informéiert an et ass keen hongereg oder duuschtereg heemgaangen! Et war eng wieder flott Editioun vun dësem Fest a mir hoffen dass Ettelbréck och d’nächst Joer wibbelt!