Heimat invitéiere mir Iech ganz häerzlech op déi 42. Editioun vun der Foire Agricole zu Ettelbréck.
Dir fannt hei eise Bréif fir d’Léierpersonal vum Enseignement secondaire an d’Lëscht mat de Beschreiwunge vun de Workshops, déi dëst Joer, e Freideg, de 4. Juli, am Kader vun der Foire Agricole 2025 (FAE) fir d’Schüler ugebuede ginn.
Iwwert dëse Wee kréien d’Kanner an déi Jonk op en Neits d’Geleeënheet, fir d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren Diversitéiten ze erliewen.
Mir wiere deemno frou, wann Dir op nees bereet wiert, fir d’Léierpersonal iwwer dës Workshops mat Hëllef vun Ärer interner Mailinglëscht ze informéieren.
Déi Verantwortlech vun de Schoulklassen kënnen sech fir eng vun deene follgende Formullen entscheeden, déi um Programm stinn, an déi hire Schüler am Beschten entgéintkommen:
D’Reservatioune vun den Ateliere kënne vum 13. Juni (vu 12:00 Auer un) bis de 27. Juni 2025 (bis 16:00 Auer) virgeholl ginn; dat online ënner https://workshop.foireagricole.lu/
Wichteg: D’Enseignantë mussen am Virfeld vun de Reservatiounen e Benotzerkont iwwer follgende Link ariichten: https://workshop.foireagricole.lu/ .
Dësen ass néideg, fir déi eenzel Ateliere reservéieren ze kënnen an ab haut, dem 10. Juni méiglech.
Am Numm vun de Verantwortleche vun der Foire Agricole soen ech Iech elo schonn e grousse Merci fir d’Weiderreeche vun dëser sécherlech interessanter Offer fir d’Kanner an déi Jonk.
Léif Gréiss,
Mylène SCHRENGER
Chargée du « Service d’information pour jeunes » (LLJ)
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Tel. +352 44743 – 252
Gsm. +352 621 423 567
Fax :+352 44743 – 563
E-mail : info@jongbaueren.lu